Als 3de Post an deem ech mech virstellen, wollt ech d’Fro thematiséieren “Wat ass Erfolleg?”
An eiser vu Leeschtungsdrock gezeechenter Gesellschaft schéngt heiandsdo déi eenzeg Aart a Weis Erfolleg ze interpretéieren den Auto , d’Haus oder d’Marken-Jeans ze sinn.
Ech selwer war Joere laang an der selwechter Schinn ënnerwee an hu mäin Erfolleg nëmmen duerch materiell Saachen definéiert (Porsch an esouweider)
No Joeren vu perséinlechen a berufflechen Héichten an Déiften hunn ech geléiert Erfolleg anescht ze definéieren.
Als éischt wollt ech awer viraus schécken, dass Erfolleg, wéi esou vill Wierder, eng ganz subjektiv Nues huet. Ech sinn der Meenung, dass jiddereen deem Wuert déi Definitioun soll ginn déi hie fir sech richteg fënnt.
Haut ass meng Definitioun vun Erfolleg ëmmer ronderëm positiven Impakt gestréckt.
Ech fillen mech erfollegräich wann ech ganz klischeehaft enger Bomi iwwert d’Strooss hëllefen, awer och wann ech e schéine Moment mat menger Famill verbréngen, ech fillen mech erfollegräich wann ech engem Frënd konnt Denkustéiss ginn fir seng Situatioun ze verbesseren oder wann ech gehollef hunn eng Tech-Firma ob Lëtzebuerg ze bréngen, ech fillen mech och erfollegräich wann ech a menger professioneller Aktivitéit kann en décke Kontrakt ënnerschreiwen.
Dat Wichtegt fir mech ass, dass all Aktioun als Zil e positiven Impakt op anerer huet. Dat ass dann och de Grond virwat ech decidéiert hunn an d’Politik ze goen, och wann dat sech villäicht naïv unhéiert, ech sinn iwwerzeegt dass een an der Politik positiven Impakt op e Land, seng Leit, ganz spezifesch ob ee Secteur a firwaat net ob d’Gesellschaft als ganzes kann hunn.
Ech sinn houfreg, dass ech d’Geleeënheet krut mäin Deel dozou bäizedroen an egal wéi et de 14. Oktober ausgeet, ass des Erfarung fir mech en Erfolleg an dat virun allem well ech mech NET mat engem Zil identifizéieren dat heescht „ech muss an d’Chamber kommen“, mais well ech Erfolleg granular gesinn: D’Leit déi ech kennen léieren, d’Erfarungen déi ech maachen, de politesche System emol eng Kéier vu bannen ze gesinn, … .
Mais verstitt mech richteg, ech sinn ob allefall prett fir all Responsabilitéit déi mer ugedroe gëtt och mat all menger Energie ze akzeptéieren, well wéi gesot, ech definéieren mech jo duerch de positiven Impakt deen ech op meng Matmënschen hunn.
Ären Marco