Vu Gro…

Vu Gro…

Ier ech an de nächste Méint reegelméisseg meng Usiichten an Ideen iwwert a fir eis Gesellschaft hei mat Iech deelen, wollt ech mer an e puer Posten e bëssen Zäit huelen fir mech virzestellen.

Virstellen fir mech heescht net mäin Numm a Beruff nennen, mee en Abléck a wichteg Momenter a mengem Liewen ze ginn déi mech als Mënsch zu deem gemaach hunn deen ech haut sinn.

Hei emol deen éischten Moment deen ech mat Iech wollt deelen:

Kuerz ier ech 18 Joer kritt hunn sinn ech mat engem gudde Frënd an Irland an d’Vakanz gaangen. Mir hunn a Jugendherbergen geschlof a si duerch déi bescht Pub’en zu Dublin gezunn. No e puer Deeg zu Dublin hu mer e Bus ob Galway geholl an och do gouf et deen een oder aneren Pub an deem een e Guiness konnt drénken!

Aus enger Laun eraus hu mir decidéiert ob d’Arran Islands ze fueren, eng Inselgrupp am Atlantik. Mir si bei stiermeschem Wieder mat der Fähr dohinner gefuer. Eist Ziel wor et dat eelsten Fort vun Europa ze besichen. No deem mer am B&B aquartéiert waren si mer lass marschéiert. Et huet gereent (den typeschen ireschen Reen ) an et huet gestiermt. Alles war gro, déi schéin opgereiten iresch Stengmaueren, den Himmel, d’Mier …. gro!

Mee et war wonnerschéin well et esou vill Nuancen vu Gro woren. An deem Moment hunn ech realiséiert dass et keen schwaarz a wäiss am Liewen gëtt, mee nëmmen verschidden Schattéierungen vu Gro.

Des Experienz huet mäin Liewen nohalteg verännert. Ewéi vill vun eis sinn ech an enger Schwaarz-Wäisser Welt grouss ginn. Du bass entweder gutt oder béiss, gescheit oder domm, fein oder frech, … . Mir gesi seelen, dass mer meeschtens vun allem e bësse sinn.

Déi wichtegst Lektioun fir mech ass, dass mer selwer kënnen decidéieren wéi hell oder donkel gro mer sinn!!!

Ären Marco

Deelt dësen Artikel mat ären Frënn :