Ech sinn zu Iernster an der Gemeng Nidderanven grouss ginn. Haut liewen ech och erëm zu Iernster nodeems ech an deenen leschten 20 Joer vill international an national ënnerwee war.

Ech sinn de Jong vun engem Bauer an enger Léierin, a villäicht läit jo och schon doran mäin éiwegen Drang, e Mëttler tëscht verschiddene Welten ze sinn. Ech sinn op där enger Säit op engem Bauerenhaff grouss ginn, an hunn d’Valeuren vun haarder Aarbecht a Buedemstännegkeet gelieft an op där anerer hunn ech ëmmer den Drang gehat eng Multitude vun Themen ze verstoen an en immense Virwëtz fir Neies entwéckelt.

Haut gesinn ech mech als de Mëttler tëscht de Welten. Op där enger Säit déi total verständlech Ängschten fir dei digitaliseiert Zukunft an op där anerer Säit déi immens positiv Méiglechkeeten déi den techneschen Fortschrëtt jiddferengem bitt.

An deenen leschten 25 Joer vun menger berufflecher Carrière hunn ech mäi Wee selwer gesicht a fonnt. Nodeem ech mat 21 vum Bauerenhaff fortgaangen sinn, hunn ech mech iwwert verschidden Etappen selwer forméiert an als Persoun gefestegt. Mat 25 Joer hunn ech mech bestuet an zesummen mat menger Fra hu mir eng Duechter vun 13 Joer.

Ech hunn an deene leschten 20 Joer vun mengem Entrepreneurs-Liewen vill geléiert an erlieft. Ech hunn ënner anerem e Grupp mat 120 Leit gemanagt an eng Firma globaliséiert. Ech hunn awer och Organisatiounen fir den Interessi vum Standuert Lëtzebuerg gegrënnt a sinn och nach haut ganz engagéiert wat d’Promotioun vum Standuert Lëtzebuerg ubelaangt.

Ech hu schonns ganz fréi am mengem Liewen e groussen Interessi un der Politik gehat well ech eigentlech schonn ëmmer e Gestalter sinn. Ech sinn awer och dervun Iwwerzeegt, dass een nëmmen kann en Engagement an der Politik agoen, wann een déi néideg Energie duerfir kann opbréngen. Ech sinn haut prett fir Responsabilitéit ze iwwerhuelen well ech keng operationell Rollen a menge verschiddene Firmen hunn an als Fräiberuffler meng Zäit mengen neien Responsabilitéiten kann upassen.

Ech sinn houfreg drop mat der DP an dëser Mannschaft an d’Wahlen ze goen well de Projet, d’Visioun an déi tolerant Energie mir entspriechen.

Ech si prett, zesumme mat iech alleguerten de Wee an eis digitaliséiert Zukunft ze goen an déi Léisungen ze fannen, am Aklang mat eisen Traditiounen a mat där néideger Ouverture, déi et eis erlaben och weider den excellenten Liewensstandard zu Lëtzebuerg ze assuréieren dee mer zënter Laangem hunn.

Deelt dësen Artikel mat ären Frënn :