Meng Hobbyen a Passiounen baussent der Politik

Meng Hobbyen a Passiounen baussent der Politik

Ech fueren immens gären Vëlo an hunn doduerch an deenen leschten Joren Lëtzebuerg a seng wonnerschéin Landschaften ganz anescht kennen geleiert.

Ech si passionéiert vu Leadership, fir mech selwer (ewéi kann ech mech selwer als Mënsch all Dag verbesseren) a Leadership vun aneren (ewéi kann all Mënsch säin eegent Potential ofruffen). Ech huelen och reegelméisseg un Konferenzen a Seminairen deel fir mech weider ze entwéckelen an Strategien ze leieren fir dëst Wëssen och un anerer ze vermëttelen.

Ech sinn och passionéiert vun neien Management-usetz an der Zukunft vun der Aarbecht. Ech hunn ee Buch zu dem Thema geschriwwen dat sech em d’Zukunft vum Management an de-zentraliséiert Organisatiounen beschäftegt.

Ech sinn President vun  der LU-CIX Asbl, eng Organisatioun déi sech ënnert anerem zënter 10 Joer em déi international Promotioun vum Internet-Standuert Lëtzebuerg këmmert.

Ech sinn Coorganisateur vun den Luxembourg Internet Days, eng Konferenz zu Lëtzebuerg déi all Joer 1000 interesseiert Leit aus Lëtzebuerg an dem Ausland zesummebréngt fir iwwer déi wichteg Themen ronderëm d’Digitalisatioun an den Internet ze diskutéieren.

Ech sinn Matgrënner a Vize President vun der Associatioun Lëtzblock déi als eng Diskussiouns-Plattform fir néi Gesellschafts an Geschäftsmodeller ob Basis vun Blockchain agéiert.

Ech sinn och den Matgrënner vum Think-tank  equilibre.lu deen sech fir Complementaritéit tëscht den Geschlechter am professionellen Beräich asetzt.

Um lokalen Niveau war ech an deenen leschten 6 Joer am Comité vun der Elteren Vereenegung vun der Nidderaanwener Grondschoul aktiv a sinn och en aktiven Member vun der Amicale vun den Nidderaanwener Scouten.

Deelt dësen Artikel mat ären Frënn :