Lëtzebuerg, eng Start-up Natioun?

Lëtzebuerg, eng Start-up Natioun?

Lëtzebuerg ass schonns ganz laang eng innovativ Natioun. D’Installatioun vun der Siderurgie Enn dem 19ten Joerhonnert, d’Grënnung vun RTL an den 20er vum lëschte Joerhonnert an, méi resent, den Opbau vun engem Space Ressources Secteur, si Beispiller wou mer zesummen an der Lag waren zukunftsträchteg Wirtschaftszweiger ze entwéckelen.

 

Mir sinn à la base awer net e Land vun Entrepreneuren ewéi zum Beispill Holland oder d’USA. Hei eng kleng Anekdot déi mir virun 20 Joer geschitt ass : Wéi ech meng éischt Firma 2001 gegrënnt hunn, gouf ech allen Eeschtes gefrot ob ech den Staatsexamen net gepackt hunn an ob ech dowéinst eng Firma hu « musse » grënnen.

 

Haut huet dat sech sécherlech vill verbessert. Virun allem an den leschte 5 Joer, ënnert dëser Regierung, ass enorm vill gemaach ginn fir eng Grënnerkultur ze schafen: mat Nyuko, dem House of Startups, dem Luxembourg City Incubator an dem Luxembourg House of Financial Technologies, an Aktiounen ewéi dem Digital Tech Fund, Fit4Start an Fit4Enterprenership, hu mer e Quantesprong no vir gemaach.

 

Et bleift awer nach vill ze maachen, mir mussen an deenen nächste Jore weider konsequent un eisem Start-up Ecosystem an eiser Grënnerkultur schaffen!

 

Et ginn natierlech Leit déi soen dass dat net néideg ass an dass jo souwisou eng Majoritéit vun de Leit a grousse Firmen oder beim Staat ënnerdaach kommen. Dat ass awer eng ganz kuerzsiichteg Vue op d’Zukunft: Eis Welt verännert sech rapid an et gëtt ëmmer méi schwéier fir klassesch grouss Firme mat dëse Verännerunge matzehalen. Mir hunn an deene leschte Joren en etlech Firmen ewéi zum Beispill Kodak gesinn, déi net flexibel genuch waren fir mat der Innovatioun matzehalen. Dofir brauch Lëtzebuerg onbedéngt e Start-up Ecosystem fir nei Technologien ze verstoen an zum Beispill ewéi an der Fongen Industrie (ëmmerhin 12% vun eisem PIB ) mat der néideger Technologie ze versuergen, fir dass mer och nach an Zukunft de weltwäite Leader an deem Beräich kënne sinn.

 

Ech fir mäin Deel war an deenen leschten Joren mat un der Entwécklung an Ëmsetzung vun villen vun deenen Aktiounen bedeelegt, ënner anerem als Co-fondateur vum Digital Tech Fund an als Jurys-Mitglied am Fit4Start Programm.

 

Mir wäerten derfir suergen dass d’Grënnung vun enger Firma an engem Dag ka gemaach ginn, an och soss derfir suergen dass de Prozess vun der Firmegrënnung vereinfacht gëtt.
Mir wäerten och a verschiddene Secteuren d’Autorisation de Commerce ob de Leescht huele well déi haut net méi zäitgeméiss ass wann et em nei Technologië geet.
Ech si gäre bereet mat Iech iwwert dëst an aner Themen ze diskutéieren

 

Äre Marco

Deelt dësen Artikel mat ären Frënn :