Firwat Politik, firwat elo?

Firwat Politik, firwat elo?

All déi Leit déi mech scho méi laang kennen wëssen dass ech nach ëmmer e ganz politeschen Mënsch wor a sinn. Ech hunn iwwert d’Joren déi national an international Politik verfollegt, a mech net mat menger Meenung verstoppt

Ech sinn och schonns zënter 20 Joer Entrepreneur an hunn déi verschiddenst Firmaen an Responsabilitéiten gehat. Als Entrepreneur an der Digitalisatioun an am Innovatiounsbereich hunn ech an deenen leschten 20 Joer vill verschidden politesch Responsabel fir eisen Secteur gesinn. Déi eng hunn mat hirer Visioun dësen Secteur eréischt erméiglecht, anerer hunn en net wierklech als Prioritéit ugesinn.
Wat awer an deenen leschten 5 Joer fir den Secteur an d’Land geleescht ginn ass, ass wierklech aussergewéinlech. Mir hunn eng Regierung déi mat aller Kraaft dëst Land an d’Zukunft leed. Ob dat de Space Mining ass oder d’Entwécklung vun engem starken Start-up Ëmfeld oder Diversifikatioun vun eisem Finanzsecteur duerch Fintech.
Mir sinn awer haut och e Land dat méi welt-offen ass an och esou vu baussen gesi gëtt. Ech si ganz vill am Ausland ënnerwee a ka bestätegen dass mir erëm eng excellent Renommee hunn!
Ech sinn houfreg ob dëst Land an ech sinn houfreg ob des Regierung. Awer nach vill méi sinn ech houfreg ob DP déi des Regierung an dëst Land resolut a mat vollem Elan féiert.
Et wor also fir mech keng schwéier Decisioun, ewéi eis Parteipresidentin an eisen Premier mech gefrot hunn ob ech hinnen wëllt hëllefen fir des Missioun kenne weider ze feieren.
Mir si prett dëst Land déi nächst 5 Joer weider and “Zukunft ob Lëtzebuergesch” ze leeden. A mir trieden un fir als Gewënner aus dësen Wahlen eraus ze goen!
Ären Marco

Deelt dësen Artikel mat ären Frënn :