E puer Stechwierder iwwert mech

E puer Stechwierder iwwert mech

Als 4ten Post fir mech virzestellen wollt ech iwwert e puer Charakteristiken schwätzen déi mech beschreiwen a mir a menger zukünfteger politescher Aarbecht hëllefen:

Toleranz:

Ech sinn e ganz oppenen Mënsch deen mat jidderengem eng konstruktiv Léisung kann fannen. Iwwert déi Lescht Joren hunn ech Firmaen mat iwwer 110 Leit geleet anerer  hunn ech globaliséiert an doduerch och mat Menschen mat ganz villen verschiddenen Kulturen zesummegeschafft. Ech hunn dat ëmmer am Aklang mat mengen Mataarbechter gemaach an zesummen mat hinnen gemeinsam Weeër fir eis Organisatiounen entwéckelt.

Innovatiivt Denken:

Mäin ganz professionellt Liewen sinn ech d’Verbindung tëschent neien Technologien an hiren Geschäftsmodeller. Dat huet mech zu engem zukunftsorientéiertem Optimist geformt. Ech sinn ëmmer an der Lag e Konzept ze verstoen fir et duerno zilgeriicht ëmzesetzen.

D’Kapassitéit schnell an zilorientéiert Léisungen ze sichen an ze fannen ass eng essentiell Eegenschaft fir an eiser schnell ännerender Gesellschaft den Uschloss ze behalen

Buedemstännegkeet:

Als geleierte Bauer, bestuet zënter 21 Joer a Papp vun engem Meedchen hunn ech e feint Gespier méin innovatiivt Denken nuancéiert a pragmatesch a Léisungen ëmzesetzen.

Ech hunn duerch meng Innovatiounserfahrung an meng Buedemstännegkeet excellent Viraussetzungen fir déi digital Zukunft vu Lëtzebuerg mat ze gestalten. 

 Als aller wichtegst Charakterisitk deih mech defineiert ass

Passioun

Ech sin e passioneierte Mensch : passioneiert vun neien Technologien, mais nach meih vum onendleche Potential daat a jiddferengem vun eis schlummert an der Opportunitéit dest Potential ze entweckelen[/vc_column_text][/vc_column][/vc_row]

Deelt dësen Artikel mat ären Frënn :